(15760) 1992 QB1
Ausgesinn
Eegenschafte vum Orbit | |
---|---|
Orbittyp | Cubewano |
Bezuchspositioun | Equinoxe: J2000.0 |
Grouss Hallefachs | 44,0 A.E. |
Exzentrizitéit | 0,069 |
Sideresch Ëmlafzäit | ~292 a |
Mëttel Bunnvitess | 4,49 km/s |
Inklinatioun | 2,19 Grad |
Physikalesch Eegenschaften | |
Duerchmiesser | 167 km |
Absolut Hellegkeet | 7,2 |
Entdeckung | |
Entdecker |
David C. Jewitt, Jane Luu |
Entdeckungsdatum | 30. August 1992 |
Plaz | Mauna-Kea |
Den (15760) 1992 QB1 war den éischten transneptuneschen Objet, deen nom Pluto an dem Charon fonnt gouf.
Den Objet gouf den 30. August 1992 vum David C. Jewitt an der Jane Luu um Mauna-Kea-Observatoire op Hawaii entdeckt. Nach am selwechte Joer gouf hien als Cubewano klassifizéiert, als Objet vun der Kuiperceinture.
D'Entdecker hate fir den Objet den Numm vum Smiley virgeschloen, no der Figur vum George Smiley. Dee war allerdéngs scho fir den Asteroid (1613) Smiley verginn. Den 1992 QB1 krut d'Nummer 15760 a blouf ouni Numm; hie gëtt einfach als "QB1" bezeechent.