Lincent
Ausgesinn
Lincent | |
---|---|
Land | Belsch |
Regioun | Wallounien |
Communautéit | Franséisch Communautéit |
Provënz | Léck |
Arrondissement | Waremme |
Awunner | 3.292 (1. Januar 2018) |
Fläch | 1.475 |
Koordinaten |
50° 42’ 45’’ N 05° 02’ 10’’ O |
Telefonszon | 019 |
Postcode | 4287 |
Websäit | http://lincent.be |
Lincent (op Wallounesch Lîssin an Hollännesch Lijsem) ass den Numm vun enger belscher Uertschaft a Gemeng an der Hesbaye, a Wallounien an der Provënz Léck.
Den 1. Juli 2004 hunn hei 2.956 Awunner op enger Fläch vu 14,66 km² gelieft.
Fréier war d'Gemeng iwwer d'Linn 147 un d'Eisebunnsnetz ugeschloss.
D'Gemeng war fréier haaptsächlech bekannt duerch den Tuffeau de Lincent en Tuffsteen deen an der Hesbaye op de Gemenge Lincent, Orp-Jauche an Hélécine bis kuerz nom Zweete Weltkrich ofgebaut gouf. Haut gëtt bei Restauratioune meeschtens awer de Maastrichter Tuff deen aus Steebréch vun der Montagne Saint-Pierre kënnt, gebraucht.
Aner Uertschaften an der Gemeng
[änneren | Quelltext änneren]Jumelagen
[änneren | Quelltext änneren]Um Spaweck
[änneren | Quelltext änneren]Commons: Lincent – Biller, Videoen oder Audiodateien |