Schwaarz Muttergottes
Schwaarz Muttergottes, och nach Schwaarz Madonna genannt, bezeechent Mariebiller, déi schwaarz sinn. Dëst kann entweeder duerch e schwaarzen Ustrach sinn, duerch den Alter vum Material oder duerch de Rouscht vu Käerzen, déi beim Gebiet ugefaange ginn.
Schwaarz Muttergottes an der Kierch vum Stadgronn
[änneren | Quelltext änneren]An enger Säitennisch vun der Kierch Abtei Neimënster steet déi Schwaarz Muttergottes, och nach Noutmuttergottes genannt. Si koum 1805 mat dem Barockaltor aus der Abtei Mariendall an de Stadgronn[1].
Dës Statu aus dem 14. Joerhonnert staamt wuel vun der Parler-Kënschtlerfamill. Den Albert Hames huet d'Statu restauréiert.
D'Pilgere bei d'Schwaarz Muttergottes dauert vum 1. Freideg an der Faaschtenzäit bis zum Freideg virum Karfreideg. D'Urspréng vun dësem Pilgeren zu Maria am Stadgronn geet zeréck an 12. Joerhonnert an zwar op den Abt Folmar, dee vun 1124 bis 1144 Abt aus der Abtei Almënster war[2].
Bekannt Schwaarz Muttergottessen an Europa
[änneren | Quelltext änneren]- Notre-Dame vun Avioth, Frankräich (11. Joerhonnert)
- Tschenstochau, Polen (schwéier Datéierung tëscht dem 6. Jh. an éischter schrëftlecher Ernimmung vu 1384)
- Montserrat bei Barcelona, Spuenien
- Nuestra Señora de Argeme, Coria, Spuenien.
- Escorca op Mallorca
- Candelaria op Tenerife
- Rocamadour (12. Jh.)
- Klouschter Einsiedeln, Schwäiz
- Altötting, Däitschland
- Loreto, Italien
- Chartres an der Kathedral
- Notre-Dame du Puy-en-Velay
- Vézelay
- Toulouse (verluere gaangen; et besteet nach just eng Kopie)
- Lenne
- Notre-Dame de Liesse, (Picardie)
- Basilique de Hal, (Belsch)
- Basilique Notre-Dame de la Délivrande zu Douvres-la-Délivrande, (Calvados)
- Havre (Seine-Maritime), Monument bei der Abtei vun Graville, opgeriicht nom Krich géint Preisen.
Kuckt och
[änneren | Quelltext änneren]Um Spaweck
[änneren | Quelltext änneren]Commons: Schwaarz Muttergottes – Biller, Videoen oder Audiodateien |
- Schwaarz Muttergottes zu Einsiedeln
- Kubistesche Musée zu Prag
- Kapell Maria-Loretto um Wörthersee
- Schwarz Muttergottes Stadgronn
Referenzen
[Quelltext änneren]- ↑ La Vierge Noire de Luxembourg
- ↑ Michael Faltz, Heimstätte U. L. Frau von Luxemburg, Sankt Paulus Druckerei, Luxemburg, 1948, 3. Aufl. S. 4