Sachsen
Ausgesinn
Fräistaat Sachsen | ||
Fändel | Wopen | |
---|---|---|
Basisdaten | ||
Sproochen: | Däitsch, Obersorbesch | |
Haaptstad: | Dresden | |
Fläch: | 18.420,15 km² | |
Awunner: | 4,055 Mio (30. November 2014)[1] | |
Bevëlkerungsdicht: | 220 Awunner/km² | |
Politik | ||
Stëmmen am Bundesrat: | 4 | |
Ministerpresident: | Michael Kretschmer (CDU) | |
Parteien an der Regierung: | CDU-SPD-Koalitioun | |
Lokalisatioun | ||
De Fräistaat Sachsen (op obersorbesch: Swobodny stat Sakska; Ofkierzung SN oder Sa.) ass en Bundesland am Oste vun Däitschland. D'Haaptstad ass Dresden a Leipzig d'Stad mat de meeschten Awunner.
Et gëtt Universitéiten zu Dresden, Leipzig, Chemnitz a Freiberg.
D'Gebitt, dat haut Sachsen ass, huet vun 1949 bis 1990 zu der Däitscher Demokratescher Republik gehéiert.
Geographie
[änneren | Quelltext änneren]Sachsen grenzt u Brandenburg (Norden), Sachsen-Anhalt (Nordwesten), Thüringen (Westen), Bayern (Südwesten), d'Tschechesch Republik (Süden) a Polen (Osten). Mat ronn véier Milliounen Awunner (6. Plaz) an enger Fläch vun ëm déi 18.400 Quadratkilometern (Plaz 10) läit Sachsen am Mëttelfeld vun de 16 däitsche Bundeslänner.
Gréisst Stied
[änneren | Quelltext änneren]Déi gréisste Stied (den Awunnerzuelen no) a Sachsen sinn:[2]
- Leipzig (Awunner: 531.000)
- Dresden (Awunner: 530.754)
- Chemnitz (Awunner: 242.022)
- Zwickau (Awunner: 91.564)
- Plauen (Awunner: 63.967)
- Görlitz (Awunner: 54.042)
- Freiberg (Awunner: 40.268)
- Bautzen (Awunner: 39.607)
- Freital (Awunner: 39.276)
- Pirna (Awunner: 37.645)
Um Spaweck
[änneren | Quelltext änneren]Commons: Sachsen – Biller, Videoen oder Audiodateien |
Referenzen
[Quelltext änneren]- ↑ Statistische Ämter des Bundes und der Länder: Bevölkerung - Sachsen (gekuckt den 9. Juni 2015)
- ↑ Bevölkerung des Freistaates Sachsen jeweils am Monatsende ausgewählter Berichtsmonate nach Gemeinde den 31. Dezember 2013 (gekuckt den 9. Juni 2015)